Pferd HIPPOLINEPferd
war dabei!








Memo un den Tour de Luxembourg à Cheval 08.-15.08.1997

De 97er Tour de Luxembourg um Päerd huet seng Geschicht scho geschriwwen an all Reider, den seng Plaquette op sengem Päerd seng Boxendir genélt huet, kann dorop houffreg sin. 7 Deeg laang duerch d'Land ze fueren as eng Erausfuerderung an eng Leeschtung fir de Reider a säi Päerd. Op nët manner wéi ongeféier 250 km begleed dat treit Déier säi Meeschter an dréit hien virun iwwer Stach a Stehen, biegop a biergof.

Op dem Tour de Luxembourg à Cheval begéint een sech. Jonker, an där déi nach jonk bliwwe sin, Kollege vun de Jore virdrun an och nei Reider. Sou as den 31. TDL dëst Joër zu Käerch fortgaangen. No engem offiziellen Départ sin déi 2 Gruppen mat ongeféier 30 Reider an de Bësch fortgezun a jhiddereen huet lues a lues den Alldag hannert sech gelooss a vergiess. T'as eng Vakanz wéi keng, ganz op säi Päerd agestallt, eng Woch ënnerwee ze sin., Um Päerd gët gepotert, philosophéiert, gesongen a gegeckst a munchmol och gerascht. Well den Alldag vum Tour huet säin eegene Rhythmus. Moies heescht et mat Zäit sech oprappe fir säi Béischt ze fidderen. No engem gudde Kaffi as een dann endlech ganz waakreg. Gläich drop gët gesuedelt an déi éischt Halschent vun der Dagesétappe an Ugrëff geholl. Mëtteg gëtt am Bësch gemeet, dat wëll nët heeschen dat een dofir manner verwinnt gët. D'Kichenéquipe weess wat en Tourereider brauch. E komplette Menu gët do zervéiert a munchereen huet sech dobäi schon iwwerlueden.Eng Paus fir d'Päerd as nët verkéiert, besonnesch bei der dréckender Hëtzt vun dësem Joër. Nomëttes geet et wieder fir eppes méi wéi 2 Stonnen. Iwwert d'Nuecht gin d'Päerd op enger Wiss ënnerbruecht. Dat as wéi vill Aneres mat vill Suergfallt scho wochelaang virum Tour geplangt. Fir den Après gët d'Reittenue emol ofgeluegt. Bei engem gemittlechen Owesiessen gin d'Erliewnisser vum Dag ausgetosch an duerno gët sech zesummen ameséiert beim Pättchen, bei Danzmusék, beim Kaartespillen... Wann een dann zefridde mat sech an der Welt d'Tirette vu sengem Schlofsaack zouzitt, brauch keen engem ze fléiwe fir ze schlofen (dat as och méiglech wann een nët grad en Noper erwëscht huet, deen nach e puer Kouërten ze séen huet).

Wat et heescht um Tour sin, sech em säi Päerd këmmeren, am Gutland iwwer sandeg Wéer galoppéieren, am Éisléck vun enger Kopp op déi aner klammen, sech mat Reiderkollegen ameséieren an zesumme laachen, dat alles weess een wann ee selwer um Tour derbäi as. Eppes steet fest, et mecht vill Spaass a wéi mir eis um Schlussiessen « Äddi » gesot hun, war et mam Gedanken eis d'nächst Joër um Tour erëmzegesin.

Triny Gorza-Bartholomé

http://www.hippoline.lu
(c): HIPPOLINE webmaster: Claudia Müller - Redaktion & Fotos Lou Brandenburger - e-mail

agenda resultate war dabei news international forum gaestebuch eigene Sache adressen zucht portrait hippolinchen uebersicht expertentips veranstaltungstips einkaufstips Hipposhop rundum urlaub lehrgaenge wander+freizeitreiten kutschenfahren archiv sonstiges uebersicht flse fn niederlande vereine studenten umbau westernreiten distanzreiten mountedgames uebersicht fn deutschland fnfrankreich fnbelgien