Pferd HIPPOLINEPferd
Die Sprechstunde bei
Dr. Georges Hoffmann, Fachtierarzt für Pferde






kalender





Stëpp - Ersatz für Pellets

Manon Ludwig: Waat fir Fudder - ausser Hee - brauch e Reitperd vann en keng Stepp well fideren. Merci vir aer Entwert am viraus

Dr. Georges Hoffmann: Stëpp sin neischt aaneschtes ewéi een besonnesche Konditiounement vum Fudder. D'Bestanddeeler vum Fudder ginn fir d'éischt gemuelen an dann gepresst. Et ginn Stëpp déi nëmmen aus enger Zort Fudder bestinn, aanerer sin Mëschungen vun ee puer verschiddenen Fuddermëttel. Waat genau dran ass kann een nëmmen iwwert den Beipaakziedel gewuer gin. Bei den Rezepter ass der Fantasie vun den Produzenten keng Grenzen gesaat.

Dieselwescht Mëschungen kritt een selbsverständlech och an nët gemuelenem a gepressten Zoustand. Um Niveau vum Fudderwert gët ët do keen Ennerscheed. Wien keng Stëpp wöllt fidderen, fiddert eben eng entspriechend Mëschung. Waat fir eng hëngt dobei dovun of waat fir een Verwendungszweck engem sein Pärd huet.

Stëpp hun als Haaptavantage dass sie eng héich Konzentratioun op klengem Volume erlaaben. Den Daarm ass verhältnësméisseg wéinech gefëllt an trotzdem ass d'Pärd ausréichend stark gefiddert. Daat ass vun Vierdeel bei Sportspärd. Et ass och vun Vierdeel bei drooende Mieren zum Schluss vun der Trächtechkeet.

Den Désavantage vun de Stëpp ass hiere Mangel un Konsistenz am opgeléisten Zustand. Den Daarem huet keng richteg Upaak a kritt duerfir de Fudderbrei oft nët richtech virun transportéiert. Dee kann dann an eenzelnen Oofschnëtter vum Daarm, haaptsächlech am Blinddaarm, regelrecht versacken. Wëll den Daarm him aawer d'Waasser entzitt kann dee Brei dann haard ewéi Betong gin. Daat féiert zu béisen Verstoppungskoliken déi een oft schwéier an de Grëff kritt wëll den Uelech deen een de Pärd agëtt guer nët méi an déi Mass eran geet fir se opzeléisen mee einfach doriwwer ewëch schwömmt. Et soll een also duerfir suergen dass een genuch Strukturfaseren (Hee, Stréi) bei den Stëpp matbéi fiddert. Déi Faseren vermöschen sëch mat deem Bréi an erlaaben duerfir ee besseren Transit.

Mee wéi gesoot, alles waat an de Stëpp dran ass kritt een och am Réizustanstand ze kaafen. Fir vill Leit sinn Stëpp eben einfach méi praktesch.

mat frëndlechem Grouss, Dr. Georges Hoffmann .


Zum Anfang der Seite
Zu den Sprechstundenthemen

http://www.hippoline.lu
http://www.hippoline.de
(c): HIPPOLINE webmaster: Claudia Müller - Redaktion & Fotos: Lou Brandenburger - e-mail
agenda resultate war dabei news international forum gaestebuch eigene Sache adressen zucht portrait hippolinchen uebersicht expertentips veranstaltungstips einkaufstips Hipposhop rundum urlaub lehrgaenge wander+freizeitreiten kutschenfahren archiv sonstiges uebersicht flse fn niederlande vereine studenten umbau westernreiten distanzreiten mountedgames uebersicht fn deutschland fnfrankreich fnbelgien